23/04/2026
Dat neit Buch vum Jemp Schuster ass geschwënn ze kréien, an de Librairien an op kremart.lu.
Layout: mediengestalter.lu
Haut ass de Weltdag vum Buch, deen d'UNESCO 1995 op den 23. Abrëll geluecht huet. E gëllt als Doudesdag vu Cervantes a Shakespeare 1616.
"Schenkt eng Geschicht - schenkt e Buch - schenkt Dreem, Abenteuer, Reesen, Onméigleches, dat méiglech gëtt ...", ass de Slogan vun dësem Dag.
Grad op dësem Dag ass bei Kremart den neie Roman "Spawecken" vum Jemp Schuster ukomm. Dir fannt en do, wou et Bicher gëtt: an de Librairien oder bei kremart.lu