SAN s.àr.l.

SAN s.àr.l. Creative Studio

graphic design - print - digital - event - concept - marketing - image - editions - social media - websites

SAN - Méi wéi nëmmen eng Agence

MIR HUNN EIS PASSIOUN ZUM BERUFF GEMAACH

SAN s.àr.l. ass eng passionéiert Kommunikatiounsagence, déi hir Dieren 2009 opgemaach huet. Mir zeechnen eis duerch Fachkompetenz a Professionalitéit aus a sinn dofir bekannt, datt mir eise Clienten op eng onkomplizéiert a gläichzäiteg efficace Aart a Weis zu de gewënschte Resultater verhëllefen. Innovatioun a Kreativitéit

stinn am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht, sou wéi et sech fir eng modern Kommunikatiounsagence gehéiert. SAN ënnerstëtzt Iech bei all Äre Projeten, sief et bei der Ausschaffung vun enger visueller Identitéit, der Organisatioun vun engem Event, der Opstellung vun enger Marketing-Strategie oder bei der Gestioun vun Äre sozialen Netzwierker. Mat Iech zesumme fanne mir déi beschtméiglech Léisunge fir Är Positioun um Marché permanent ze festegen.

D’ganz Equipe vu SAN – Creative Studio wënscht Iech schéi Ouschteren! 🐰🥚
05/04/2026

D’ganz Equipe vu SAN – Creative Studio wënscht Iech schéi Ouschteren! 🐰🥚

23/03/2026

✨ Fir d’Ausstellung „Ons Arméi um Härebierg“ am MNHM - Musée National d'Histoire Militaire zu Dikrech hate mir d’Freed, e komplett visuellt Konzept ëmzesetzen.

Vu Stoff-Displays iwwer LED-Panneauen, duerchsichteg Autocollante fir d’Ausstellungsstécker ze erklären, bis hin zu Flyeren, PVC Panneauen, Affichen an engem Buch – all Element gouf esou gestalt, datt d’Inhalter kloer, lieserlech an ästhetesch duergestallt ginn.

Och d’Bildbeaarbechtung huet eng wichteg Roll gespillt, fir déi historesch Inhalter visuell zum Liewen ze bréngen an eng harmonesch Gesamtstëmmung ze schafen.

Et ass ëmmer erëm eng Freed, mat esou spannende Partner zesummenzeschaffen 🙌

D’Ausstellung leeft bis de 15. September, verpasst se net, et ass eng immens spannend a maträissend Expo! 🪖

✨ Pour l’exposition « Ons Arméi um Härebierg » au Musée d’Histoire Militaire de Diekirch, nous avons eu le plaisir de concevoir un concept visuel complet.

Des displays en tissu aux panneaux LED, en passant par des autocollants transparents pour expliquer les pièces exposées, jusqu’aux flyers, panneaux PVC, affiches et un livre – chaque élément a été pensé pour présenter les contenus de manière claire, lisible et esthétique.

Le traitement des images a également joué un rôle essentiel afin de donner vie aux contenus historiques et de créer une atmosphère cohérente.

C’est toujours un plaisir de collaborer avec des partenaires aussi inspirants 🙌

L’exposition est visible jusqu’au 15 septembre, ne la manquez pas – une expérience immersive et captivante ! 🪖

📢 Botzhëllef gesicht (20 Stonne pro Woch)Mir sichen eng zouverlässeg a gewëssenhaft Botzhëllef fir ronn 20 Stonnen d’Woc...
18/03/2026

📢 Botzhëllef gesicht (20 Stonne pro Woch)

Mir sichen eng zouverlässeg a gewëssenhaft Botzhëllef fir ronn 20 Stonnen d’Woch.

Är Aufgaben:
Den Ënnerhalt an d’Botz vun eise Raimlechkeeten
D’Wäsch strecken
Allgemeng Hausaarbechten

Mir bidden:
Eng agreabel a respektvoll Aarbechtsatmosphär
Eng fair an zouverlässeg Pai
Eng laangfristeg Zesummenaarbecht ass erwënscht

Aarbechtsplaz: Dikrech / Wëntger

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt eis w.e.g. eng kuerz Noriicht mat Äre Kontaktinformatiounen per E-Mail op [email protected] oder per Telefon op 621 785 860.

📢 Aide ménagère recherchée (20 heures par semaine)

Nous recherchons une aide ménagère fiable et soigneuse pour environ 20 heures par semaine.

Vos tâches :
• Nettoyage et entretien de nos locaux
• Repassage du linge
• Travaux ménagers généraux

Nous offrons :
• Un environnement de travail agréable et respectueux
• Une rémunération juste et fiable
• Une collaboration à long terme souhaitée

Lieu de travail : Diekirch / Wincrange

Si vous êtes intéressé(e), merci de nous envoyer un court message avec vos coordonnées par e-mail à [email protected] ou par téléphone au 621 785 860.

Schéine Fuessonndig a vill Spaass op der Dikricher Cavalcade! 🫏 SAN – Creative Studio
15/02/2026

Schéine Fuessonndig a vill Spaass op der Dikricher Cavalcade! 🫏

SAN – Creative Studio

🚀 Zur Erweiderung vun eisem Team siche mir:1 CONTENT CREATOR (GN*)Du hues e Gefill fir Social Media Trends, Storytelling...
27/01/2026

🚀 Zur Erweiderung vun eisem Team siche mir:

1 CONTENT CREATOR (GN*)

Du hues e Gefill fir Social Media Trends, Storytelling a Marketing? Du produzéiers gäre Content a verschiddene Formater a wëlls Marken nohalteg siichtbar maachen? Da mell dech bei SAN – Creative Studio!

👉🏼 Deng Missiounen:
Kreatioun vu verschiddene Content-Formater: Texter, Biller, Videoen, Reels an Audio-Content fir Instagram, TikTok, Facebook a LinkedIn
Recherche & Analyse vu Social-Media-Trends an Zilgruppen
- Entwécklung vu Content- a Distributiounsstrategien
- Storyboarding, Videoe filmen a schneiden a Bildbeaarbechtung
- Asaz vun der KI als Hëllef fir d’Produktioun vu Content
- Strategesch Placéierung vum Content op deene verschiddenen Plattformen
- Analyse vun der Performance an Optimiséierung vun den Inhalter je no Client💪🏼

✋🏽 Däi Profil:
Du bass kreativ, du fills dech an der digitaler Welt wuel a bréngs vill Eegeninitiativ mat
- Du hues gutt technesch Kenntnisser a Video- a Bildbeaarbechtungsprogrammer
- Du hues e Verständnis an eng Passioun fir Social Media, SEO an Analytics
- Du hues en analytescht Denken an e Gefill fir Markekommunikatioun
- Du bass selbststänneg, strukturéiert a schaffs gäeren an engem Team
- Du beherrsch déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch souwuel mëndlech wéi och geschriwwen

🤝🏼 Mir bidden dir:
- 40 Stonnen-Woch
- Freidesmëttes fräi
- Eng sécher Aarbechtsplaz an engem jonken, kreativen Team zu Dikrech
- Ofwiesslungsräich Projeten a vill Plaz fir deng Iddien

📩 Interesséiert?
Da schéck eis deng Demande (CV, Motivatiounsbréif, Diplomer, Portfolio oder Beispiller vun denger Aarbecht an eng aktuell Foto) per Mail op [email protected].

Eis Equipe wënscht Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer! 💫SAN Creative StudioToute notre équipe vous ...
24/12/2025

Eis Equipe wënscht Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer! 💫

SAN Creative Studio

Toute notre équipe vous souhaite de belles fêtes et une bonne nouvelle année ! 💫

SAN Creative Studio

31/10/2025
Alles anescht wéi Standard – genau wéi de Wäin an d’Planchaen, déi een bei VINORA genéisse kann 🍷🧀Fir dës elegant Wäinba...
21/10/2025

Alles anescht wéi Standard – genau wéi de Wäin an d’Planchaen, déi een bei VINORA genéisse kann 🍷🧀

Fir dës elegant Wäinbar hu mir dat ganzt visuellt Konzept entwéckelt:

• D’Konzeptioun vum Numm
• E stilvolle Logo
• Zerwéiten
• Visittekaarten
• Wäin- a Menüskaarten
• Eng modern, userfrëndlech Websäi
• Planning a Suivi vun de Social Media Platformen

Mat vill Freed a Passioun hu mir d’Essenz vun der Wäibar an engem harmonesche Konzept aus Design a Fotoen agefaangen.

SAN – Creative Studio

Tout sauf standard – tout comme le vin et les planchas que vous pourrez déguster chez VINORA 🍷🧀

Pour ce bar à vin élégant, nous avons imaginé tout le concept visuel :

• la conception du nom
• un logo raffiné
• des serviettes personnalisées
• des cartes de visite
• des cartes de vins et cartes de menus
• un site web moderne et convivial
• le planning et suivi des réseaux sociaux

C’est avec beaucoup de plaisir et de passion que nous avons capturé l’essence du bar à vin dans un concept harmonieux mêlant design et photographie.

SAN – Creative Studio

Eng visuell Kommunikatioun erzielt d'Geschicht vun enger Firma, eng Institutioun oder Administratioun unhand vu Faarwen,...
07/10/2025

Eng visuell Kommunikatioun erzielt d'Geschicht vun enger Firma, eng Institutioun oder Administratioun unhand vu Faarwen, Formen an e Stil deen se reflektéiert.

Vun der éischter Iddi bis zum fäerdegen Design verbënnt dëse Logo Kreativitéit mat konzeptueller Kohärenz. D’Forme vum Embleem gräifen den Ufanksbuschtaf vu Wäiswampech op a schafen esou eng staark visuell Identitéit. D’Faarwe reflektéieren d’Harmonie tëscht dem Bësch an dem Séi, déi d’Gemeng prägen.

Wëllt Dir Är Identitéit opfrëschen oder Äre Logo nei gestalten? Mir begleeden Iech mat Passioun a Professionalitéit ✨

SAN – Creative Studio

La communication visuelle raconte l'histoire d'une entreprise, d'une institution ou d'une administration à travers des couleurs, des formes et un style qui la reflètent.�

De la première idée jusqu’au design final, ce logo allie créativité et cohérence conceptuelle. Les formes de l’emblème s’inspirent de la lettre initiale de Wäiswampesch, créant ainsi une identité visuelle forte. Les couleurs reflètent l’harmonie entre la nature, en évoquant les forêts et le lac qui caractérisent la commune.�

Envie de rafraîchir votre identité ou de repenser votre logo ? Nous vous accompagnons avec passion et professionnalisme. ✨

SAN – Creative Studio

Superheld? Ze klassesch. Ech hunn e Papp mat Strëmp a Sandalen! 🦸🏻‍♂️Mir wënschen en schéinen Pappendag! SAN – Creative ...
05/10/2025

Superheld? Ze klassesch. Ech hunn e Papp mat Strëmp a Sandalen! 🦸🏻‍♂️

Mir wënschen en schéinen Pappendag!

SAN – Creative Studio

Un super-héro ? C’est banal. Moi, j’ai un papa qui porte des chaussettes dans ses sandales ! 🦸🏻‍♂️

Joyeuse fête des Pères !

SAN – Creative Studio

Réckbléck op zwou flott Wanderkichen, déi mir dëse Summer vun der éischter Iddi bis zur Ëmsetzung organiséiert hunn:🎉 Ev...
02/10/2025

Réckbléck op zwou flott Wanderkichen, déi mir dëse Summer vun der éischter Iddi bis zur Ëmsetzung organiséiert hunn:

🎉 Event-Organisatioun vu A-Z
🍽️ Fingerfood an ee leckeren 3-Gäng-Menü aus regionalen a lokale Produiten
🍹 Cocktailbar mat engem Bartender
🎶 Live Musek
📸 Fotografie
🌸 Deko mat vill Léift zum Detail
👨‍🍳 Service a Koordinatioun

Mat enger passender Location, enger ofgestëmmter Deko an e bësse Flexibilitéit waren déi 2 Eventer e groussen Erfolleg an hu fir vill Freed bei de Gäscht gesuergt.

E grousse Merci un d’Nordstad, déi eis de Projet uvertraut huet a mir freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht!

SAN – Creative Studio

Quelques souvenirs des deux Wanderkichen que nous avons organisés cet été. De l'idée à la réalisation :

🎉 Organisation de l'événement de A à Z
🍽️ Amuse-bouches et un délicieux menu de 3 services à base de produits régionaux et locaux
🍹 Bar à cocktails avec barman
🎶 Musique en live
📸 Photographie
🌸 Décoration avec amour pour les détails
👨‍🍳 Service et coordination

Grâce à un lieu adapté, une décoration harmonieuse et un peu de flexibilité, ces deux événements ont été un franc succès et ont apporté beaucoup de joie aux invités.

Un grand merci à la Nordstad pour sa confiance et nous nous réjouissons de poursuivre notre belle collaboration !

SAN – Creative Studio

Ganz egal ob um Handy, Tablet oder Desktop, www.artdeco.lu bleift op alle Geräter benotzerfrëndlech an einfach ze navigé...
30/09/2025

Ganz egal ob um Handy, Tablet oder Desktop, www.artdeco.lu bleift op alle Geräter benotzerfrëndlech an einfach ze navigéieren 👨‍💻

Entdeckt am Buttek eng Diversitéit u stilvollen Dekoratiounsartikelen a Konschtwierker fir all Goût a Geleeënheet.

SAN – Creative Studio

Que ce soit sur mobile, tablette ou ordinateur, www.artdeco.lu reste convivial et facile à naviguer sur tous les appareils 👨‍💻

Découvrez en magasin une variété d'objets de décoration et d'œuvres d'art élégants pour tous les goûts et toutes les occasions.

SAN – Creative Studio

Adresse

13, Grand-Rue
Diekirch
9240

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 12:00
Mardi 09:00 - 12:00
Mercredi 09:00 - 12:00
Jeudi 09:00 - 12:00
Vendredi 09:00 - 12:00

Téléphone

+3522811421

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque SAN s.àr.l. publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à SAN s.àr.l.:

Partager