creative corner

creative corner SERVICES
Print Design, Webdesign & Programmierung, Corporate Identity, Social Media Marketing, Media

Join our Team! 🙂Wir suchen einen erfahrenen Grafiker/Mediengestalter (m/w/d), der Gestaltung nicht nur beherrscht, sonde...
29/08/2026

Join our Team! 🙂
Wir suchen einen erfahrenen Grafiker/Mediengestalter (m/w/d), der Gestaltung nicht nur beherrscht, sondern unser Team mit Ideen, Neugier und einem sicheren Gespür für gutes Design bereichert. 🎨

Interessiert?
Dann freuen wir uns auf Deine Bewerbung mit Arbeitsproben!
Alle Infos zur aktuellen Stellenausschreibung findest Du auf ➡️ www.creativecorner.lu/jobs

D’Wope vun der Gemeng Biwer krut am Kader vun engem Redesign e modernen Update.Dobäi war et wichteg, d’Grondform vum Wop...
27/08/2026

D’Wope vun der Gemeng Biwer krut am Kader vun engem Redesign e modernen Update.

Dobäi war et wichteg, d’Grondform vum Wopen an déi charakteristesch Symboler – de Bëschofsstief, d’Réng an d’Ankerkräiz – ze erhalen. Sou verbënnt dat neit, zäitgeméisst Erscheinungsbild Traditioun a Geschicht mat Fortschrëtt an Innovatioun.

Am Kader vum neien Optrëtt hu mir och verschidde Kommunikatiounsmëttel ugepasst: vu Visittekaarten a Bréifpabeier iwwer E-Mail-Signature bis hin zu Social-Media-Templates. Esou gëtt déi nei visuell Identitéit vun der Gemeng konsequent an alle Beräicher weidergedroen.

D'Muselzeidung / Sauerzeidung huet e klengen Design Update kritt. Besonnesch um Cover gëtt den neie Look direkt siichtba...
13/08/2026

D'Muselzeidung / Sauerzeidung huet e klengen Design Update kritt.
Besonnesch um Cover gëtt den neie Look direkt siichtbar.
D’Zeitung iwwerzeegt duerch e frësche moderne Look, méi kloer, méi lieweg a mat ville Fotoen. Mat engem klore Säiteraster an enger kompakter Informatiounsvermëttlung gëtt den Inhalt nach méi iwwersiichtlech a lieserfrëndlech presentéiert.
En neie Look. Vertraut am Inhalt. Staark an der Regioun.

MiKo - De Sozio-Kulturellen Tiers-Lieu fir d’Musel.De MiKo (Miseler Kollektiv) ass e Projet vum Office Social Commun de ...
30/07/2026

MiKo - De Sozio-Kulturellen Tiers-Lieu fir d’Musel.
De MiKo (Miseler Kollektiv) ass e Projet vum Office Social Commun de Grevenmacher a verbënnt sozial Aarbecht mat neie Forme vun der Zesummenaarbecht. Beim MiKo ka jiddwereen un den Aktivitéiten deelhuelen - ob kreativ Workshops, Sproochecoursen oder Biergercafé.

Mir hu fir si e Logo entwéckelt esou wéi weidert Kommunikatiounsmaterial wéi z.B. d’Beschëlderung, Autocollanten a Roll Ups.

De Kropemann Info krut e frësche Look. Mir hu fir d'Gemengebuet vun der Réidener Gemeng e komplette Redesign erstallt - ...
16/07/2026

De Kropemann Info krut e frësche Look.
Mir hu fir d'Gemengebuet vun der Réidener Gemeng e komplette Redesign erstallt - modern, iwwersiichtlech an uspriechend fir d’Lieser:Innen. En zentraalt Gestaltungselement sinn d’Atert Linnen, déi souwuel um Cover, de Bannesäiten an och op der Récksäit fir eng staark visuell Identitéit suergen.

Logo Entwécklung fir de SIAEE - Zone d’activités économiques régionale. Beim Logo steet d’Verbindung vu Regionalitéit, m...
02/07/2026

Logo Entwécklung fir de SIAEE - Zone d’activités économiques régionale.
Beim Logo steet d’Verbindung vu Regionalitéit, moderner Infrastruktur an nohalteger Entwécklung am Mëttelpunkt. D’Formsprooch verbënnt organesch a strukturéiert Elementer a schaaft esou eng visuell Balance tëschent der Natur an der wirtschaftlecher Uerdnung.

Wormeldange - Ausstellung Jumelage D’Gemeng Wuermer huet säit 20 Joer eng Partnerschaft (Jumelage) mat der Gemeng Mortag...
18/06/2026

Wormeldange - Ausstellung Jumelage

D’Gemeng Wuermer huet säit 20 Joer eng Partnerschaft (Jumelage) mat der Gemeng Mortagua a Portugal. Hannergrond vun dëser Partnerschaft ass d’Tatsaach, dass an der Gemeng Wormer vill Auswanderer aus dëser Gemeng a Portugal stamen.

Fir den 20. Jubiläum vun dëser Partnerschaft ass zu Wormer d’Place du Jumelage entstanen. Mir hunn eis ëm den Design an d’Ëmsetzung vun der Beschëlderung bei der Ausstellung gekëmmert.

Redesign - Schoulbuet NidderaanwenPerséinlech, gräifbar an uspriechend - esou presentéiert sech de Redesign vum Schoulbu...
04/06/2026

Redesign - Schoulbuet Nidderaanwen

Perséinlech, gräifbar an uspriechend - esou presentéiert sech de Redesign vum Schoulbuet Nidderaanwen. De Layout ass uspriechend, verspillt a stécht voller Detailer. Dozou gehéieren och déi handgezeechent Icons déi dem Layout eng spilleresch, individuell Note verleeën.

Logo Redesign fir den Office social commun de Grevenmacher Nei Visualitéit fir eng wichteg Aarbecht. Dat neit Logo visua...
28/05/2026

Logo Redesign fir den Office social commun de Grevenmacher

Nei Visualitéit fir eng wichteg Aarbecht. Dat neit Logo visualiséiert d’Wäerter vum Office social Commun. Dat zentraalt Gestaltungselement besteet aus véier oppene Kreesser, déi zesummen eng Gemeng visualiséieren. Insgesamt stinn déi sechs Elementer symbolesch fir déi sechs Gemengen. Déi oppe Formen an hir Iwwerlagerung maache siichtbar wourëm et beim OSCG geet: Austausch, Kommunikatioun, Zesummenhalt. E Redesign dee verbënnt.

Mertert Redesign E frësche Look fir d’Gemeeneblat vun der Gemeng Mertert! Mir hunn d’Gemeng Mäertert beim Refresh vun hi...
13/05/2026

Mertert Redesign
E frësche Look fir d’Gemeeneblat vun der Gemeng Mertert! Mir hunn d’Gemeng Mäertert beim Refresh vun hirem Geemeeneblat ënnerstëtzt: vun de Schrëften a Faarwe bis hin zu enger neier Bildsprooch - alles fir e modernen a lieserfrëndleche Look.

Adresse

30, Rue De Trèves
Grevenmacher
6793

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 16:00
Mardi 08:00 - 16:00
Mercredi 08:00 - 16:00
Jeudi 08:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 16:00

Téléphone

+352758747

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque creative corner publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à creative corner:

Raccourcis

Partager