12kantoner.lu

12kantoner.lu 12 Kantoner Lëtzebuerg est une marque de MC COMMUNICATION SARLS

Infos légales:

https://www.mc-communication.lu/legal-notices

12 Cantons - 4 Regions - 1 Luxembourg

North: Clervaux, Wiltz, Redange, Vianden, Diekirch
East: Echternach, Grevenmacher, Remich
Center: Mersch, Luxembourg
South: Capellen, Esch

👉 www.12kantoner.lu

🇱🇺 Kanton Clierf - Lieweg Geschicht📍 Clierf: Joerhonnerten u Geschicht am Häerz vun den Ardennen.D’Uertschaft Clierf ass...
23/09/2026

🇱🇺 Kanton Clierf - Lieweg Geschicht

📍 Clierf: Joerhonnerten u Geschicht am Häerz vun den Ardennen.

D’Uertschaft Clierf ass de kulturelle Mëttelpunkt vum Kanton Clierf a bléckt op eng laang Geschicht zeréck. D’Schlass am Häerz vun der Uertschaft erënnert un d'feudal Vergaangenheet vum Kanton.
Haut ass hei déi weltbekannt Fotoausstellung The Family of Man ze gesinn, déi zum UNESCO-Weltdokumenterbe gehéiert.

Héich iwwer dem Dall präägt d’Benediktinerabtei Saint-Maurice zanter méi wéi 100 Joer d’Bild vun der Uertschaft Clierf.

👉 Entdeck d’Geschicht vun den 12 Kantoner an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a géi mat op d’Rees duerch déi 12 Kantoner.

----

🇬🇧 Canton of Clervaux - Living History

📍 Clervaux – Centuries of history in the heart of the Ardennes.

The town of Clervaux is the cultural centre of the canton and looks back on a long history. The castle in the heart of the town bears witness to its feudal past. Today, it is also home to the world-famous photographic exhibition The Family of Man, which is included in UNESCO’s Memory of the World Register.

High above the valley, the Benedictine Abbey of Saint-Maurice has shaped the landscape of Clervaux for more than 100 years.

👉 Discover the history of Luxembourg’s 12 cantons in our guide. Link in the comments.
👉 Follow our page and join us on a journey through the 12 cantons.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

🇱🇺  Kanton Esch: Passioun Karting.📍 Monnerech – ACL Karting – elo am Guide vun den 12 Kantoner. An der Uertschaft Monner...
22/09/2026

🇱🇺 Kanton Esch: Passioun Karting.

📍 Monnerech – ACL Karting – elo am Guide vun den 12 Kantoner.

An der Uertschaft Monnerech dréint sech beim ACL Karting alles ronderëm de Kartsport. De Circuit bitt Jonk an Al ideal Konditiounen, fir de Karting z’entdecken. Hei ginn et véier Kategorie u Karts, wou Kanner schonn ab 5 Joer an engem 2-Sëtzer dierfe matfueren. Och Persoune mat ageschränkter Mobilitéit e Kart mat Handgas a -brems zur Verfügung. All Mount fënnt ausserdeem en Training mat Competitiounskarts statt.

Nieft der Brasserie „The Paddock“, an där rezent och eng kleng Menü- a Wäikaart ugebuede gëtt, ass och e klenge Kartshop mat verschiddenen Accessoiren ronderëm de Kartsport.

👉 Entdeck dës a nach vill aner Adressen an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a verpass keng gutt Adress méi.

----

🇬🇧 Canton of Esch: A passion for karts.

📍 Mondercange – ACL Karting – now featured in the 12 Cantons Guide.

In the town of Mondercange, everything at ACL Karting revolves around kart racing. The track offers ideal conditions for young and old alike to discover karting. Four categories of karts are available, and children as young as five can enjoy the experience as passengers in a two-seater kart. A kart equipped with hand-operated acceleration and braking controls is also available for people with reduced mobility. In addition, a training session with competition karts is organised every month.

Besides the brasserie “The Paddock”, which recently introduced a small menu and w**e list, visitors will also find a kart shop offering a range of accessories related to kart racing.

👉 Discover this place and many more in our guide (link in the comments).
👉 Follow our page and don’t miss any of the best addresses across the Grand Duchy.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION | ACL

🇱🇺 Kanton Wolz – Lieweg Geschicht📍 Esch-Sauer: Eng pittoresk Uertschaft laanscht de Floss Sauer.D‘Buerg vun der Uertscha...
21/09/2026

🇱🇺 Kanton Wolz – Lieweg Geschicht

📍 Esch-Sauer: Eng pittoresk Uertschaft laanscht de Floss Sauer.

D‘Buerg vun der Uertschaft Esch-Sauer läit héich uewen op engem Fiels a geet op d‘10. Joerhonnert zréck. D’Häre vun Esch-Sauer goufen um Enn vum 11. Joerhonnert als wichteg Acteuren an der Regioun ernimmt an hunn och un de Kräizzich deelgeholl.

D’Uertschaft Esch-Sauer charakteriséiert sech duerch seng kleng Gaassen an historesch Haiser. Am 14. a 15. Joerhonnert gouf d’Buerg weider ausgebaut an et gouf eng Réngmauer ronderëm d’Uertschaft gebaut. D‘Uertschaft ass iwwert Joerhonnerten duerch seng Handwierkstraditioun bekannt ginn.

👉 Entdeck d’Geschicht vun den 12 Kantoner an eisem Guide (Link am Kommentar) mat flotten Souveniren aus den 12 Kantoner.
👉 Abonnéier eis Säit a géi mat op d’Rees duerch déi 12 Kantoner.

----

🇬🇧 Canton of Wiltz - Living History

📍 Esch-sur-Sûre – A picturesque village along the River Sûre.

The castle of the town of Esch-sur-Sûre stands high on a rocky outcrop and dates back to the 10th century. At the end of the 11th century, the lords of Esch-sur-Sûre were mentioned as important figures in the region and also took part in the Crusades.

The town of Esch-sur-Sûre is characterised by its narrow streets and historic houses. In the 14th and 15th centuries, the castle was further expanded, and a fortified wall was built around the village. Over the centuries, the town also became known for its tradition of craftsmanship.

👉 Discover the history of Luxembourg’s 12 cantons in our guide. Link in the comments.
👉 Follow our page and join us on a journey through the 12 cantons.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

🇱🇺  Kanton Gréiwemaacher: Eng vergiessen Traditioun - Spillkaarten Made in Luxembourg.📍 Stad Gréiwemaacher – Dieudonné A...
20/09/2026

🇱🇺 Kanton Gréiwemaacher: Eng vergiessen Traditioun - Spillkaarten Made in Luxembourg.

📍 Stad Gréiwemaacher – Dieudonné Ausstellung Kulturhuef Grevenmacher – elo am Guide vun den 12 Kantoner.

D’Spillkaartenausstellung am Kulturhuef an der Stad Gréiwemaacher erzielt d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Spillkaarteproduktioun, déi am Joer 1754 vun der Famill Dieudonné an der Stad Gréiwemaacher opgebaut gouf. Iwwer méi wéi ee Joerhonnert goufen hei Spillkaarte produzéiert, déi wäit iwwert d’Grenze vu Lëtzebuerg eraus exportéiert goufen.

An der Ausstellung vum Musée kritt een en Abléck an dës aussergewéinlech Lëtzebuerger Traditioun, déi et haut net méi gëtt. Nieft originalen Drockplacken, Drockbéien, an traditionellen Handwierksgeschier, kann een hei och eng aussergewéinlech Sammlung u Spillkaarte vun der Manufaktur gesinn.

👉 Entdeck dës a nach vill aner Adressen an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a verpass keng gutt Adress méi.

----

🇬🇧 Canton of Esch: A forgotten tradition - Playing cards made in Luxembourg.

📍 City of Grevenmacher – Dieudonné Exhibition Kulturhuef Grevenmacher – now featured in the 12 Cantons Guide.

The playing card exhibition at the Kulturhuef in the city of Grevenmacher tells the story of playing card production in Luxembourg, which was started by the Dieudonné family in the city of Grevenmacher in 1754. For more than a century, playing cards were produced here and exported far beyond Luxembourg’s borders.

The museum exhibition offers an insight into this unique Luxembourgish tradition, which no longer exists today. Alongside original printing plates, printed sheets and traditional tools, visitors can also discover an impressive collection of playing cards produced by the Dieudonné manufactory.

👉 Discover this place and many more in our guide (link in the comments).
👉 Follow our page and don’t miss any of the best addresses across the Grand Duchy.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION | Kulturhuef Grevenmacher

🇱🇺  Kanton Réiden: Ee Bistro mat Charme a gudder Stëmmung.📍 Randschelt – De' klenge' Randschelter Bistrot – elo am Guide...
19/09/2026

🇱🇺 Kanton Réiden: Ee Bistro mat Charme a gudder Stëmmung.

📍 Randschelt – De' klenge' Randschelter Bistrot – elo am Guide vun den 12 Kantoner.

De 'klenge' Randschelter Bistrot läit an der Uertschaft Randschelt, engem verloossenen Duerf an de Lëtzebuerger Ardennen, wou d’Zäit stoe bliwwen ass. D’Romaine an d’Anja suergen hei mat hirem Restaurant fir neit Liewen.

De Bistro ass mat vill Léift zum Detail am franséische Burlesque-Stil dekoréiert. Hei kann een Owes ee gudde Maufel an enger gemittlecher a geselleger Atmosphere iessen. Déi ideal Plaz fir bei enger gudder Stëmmung an engem entspaante Kader dem hekteschen Alldag z'entfléien.

👉 Entdeck dës a nach vill aner Adressen an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a verpass keng gutt Adress méi.

----

🇬🇧 Canton of Redange: A bistro with charme and good mood.

📍 Rindschleiden – De' klenge' Randschelter Bistrot – now featured in the 12 Cantons Guide.

De ‘klenge’ Randschelter Bistrot is located in the town of Rindschleiden, a quiet town in Luxembourg’s Ardennes, where time seems to have stood still. Romaine and Anja have brought new life to the town with their restaurant.

The bistro is decorated with great attention to detail in a French burlesque style. In the evening, guests can enjoy a good meal in a cosy and friendly atmosphere. It is the perfect place to relax, enjoy good food and escape the busy everyday life.

👉 Discover this place and many more in our guide (link in the comments).
👉 Follow our page and don’t miss any of the best addresses across the Grand Duchy.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

🇱🇺 Kanton Lëtzebuerg - Lieweg Geschicht📍 Stad Lëtzebuerg: Wéi d’Gare d’Stad nei gepräägt huet.Mat der Entwécklung vun de...
19/09/2026

🇱🇺 Kanton Lëtzebuerg - Lieweg Geschicht

📍 Stad Lëtzebuerg: Wéi d’Gare d’Stad nei gepräägt huet.

Mat der Entwécklung vun der Eisebunn ass ronderëm d'Gare vun der Stad Lëtzebuerg en neie Quartier entstanen. Déi Nei Avenue huet d’Gare mam Stadzentrum verbonnen.

Mat hire prestigiéise Gebaier erënnert d’Avenue un déi grouss Boulevarde vu Paräis.

👉 Entdeck d’Geschicht vun den 12 Kantoner an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a géi mat op d’Rees duerch déi 12 Kantoner.

----

🇬🇧 Living History – Canton of Luxembourg

📍 City of Luxembourg – How the railway station reshaped the city.

With the development of the railway, a new district emerged around railway station of the city of Luxembourg. The avenue de la Liberté connected the station with the city centre.

With its elegant buildings, the avenue is reminiscent of the grand boulevards of Paris.

👉 Discover the history of Luxembourg’s 12 cantons in our guide. Link in the comments.
👉 Follow our page and join us on a journey through the 12 cantons.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

🇱🇺  Kanton Iechternach: Eng gastronomesch Kichen – direkt nieft dem Iechternacher Séi.📍 Lauterbuer – Archibald De Prince...
18/09/2026

🇱🇺 Kanton Iechternach: Eng gastronomesch Kichen – direkt nieft dem Iechternacher Séi.

📍 Lauterbuer – Archibald De Prince Table & Chambres – elo am Guide vun den 12 Kantoner.

De Restaurant Archibald De Prince Lauterbuer direkt nieft der Stad Iechternach - net wäit vum Iechternacher Séi. Et ass ee gastronomesche Michelin-Restaurant, dee fir d'Raffinesse vu senge Platen bekannt ass. De Restaurant bitt ee gastronomesche Menu u bei deem all Produkt, lokal a saisonal, vum Kach ausgewielt gëtt an deen et och an enger planzlecher Variant gëtt.

Fir d'Rachel an den Archibald steet d'Leidenschaft fir d’Harmonie tëscht Natur, Kachkonscht a Service am Mëttelpunkt. Déi perfekt Plaz fir op eng gastronomesch Rees am Kanton Iechternach ze goen – mat Iwwernuechtungsméiglechkeeten.

👉 Entdeck dës a nach vill aner Adressen an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a verpass keng gutt Adress méi.

----

🇬🇧 Canton of Echternach: A gastronomic cuisine – right next to the lake of Echternach.

📍 Lauterborn – Archibald De Prince Table & Chambres – now featured in the 12 Cantons Guide.

Archibald De Prince is a restaurant located in Lauterborn, right next to the city of Echternach, not far from Lake Echternach. It is a Michelin-starred gastronomic restaurant known for the refinement of its dishes. The restaurant offers a gastronomic menu where each product, local and seasonal, is selected by the chef, and which is also available in a plant-based version.

For Rachel and Archibald, the passion for harmony between nature, cuisine, and service is at the heart of their philosophy. It is the perfect place to embark on a gastronomic journey in the canton of Echternach – with a possibility to stay in the auberge.

👉 Discover this place and many more in our guide (link in the comments).
👉 Follow our page and don’t miss any of the best addresses across the Grand Duchy.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION | Archibald De Prince

🇱🇺  Kanton Clierf: Produkter aus dem Ourdall.📍 Kaalber – Ourdaller – elo am Guide vun den 12 Kantoner.Ourdaller ass eng ...
17/09/2026

🇱🇺 Kanton Clierf: Produkter aus dem Ourdall.

📍 Kaalber – Ourdaller – elo am Guide vun den 12 Kantoner.

Ourdaller ass eng Coopérativ vu landwirtschaftleche Betriber aus dem Ourdall, déi Produkter ubidden, déi exklusiv am Ourdall vum Feld bis bei d’Endprodukt hiergestallt ginn.

Säit 30 Joer ass d’Coopérative bekannt duerch säin Hanfubau, seng Moschteren an seng Ueleger aus Wëllkar, Mohn, Läin oder Fluess. Donieft bitt d’Cooperative och Hunneg, Hanftéi a Béier aus der Regioun vum Ourdall un.

An der Uertschaft Kaalber kann de Besicher an engem authenteschen Éisleker Duerf mat Bléck iwwert de ganzen Ourdall am Geschäft vun der Cooperative Produkter vum Ourdall fannen, déi et net all an de Geschäfter ze kafe ginn.

👉 Entdeck dës a nach vill aner Adressen an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a verpass keng gutt Adress méi.

----

🇬🇧 Canton of Clervaux: Products from Our Valley.

📍 Kalborn – Ourdaller – now featured in the 12 Cantons Guide.

Ourdaller is a cooperative of agricultural producers from the Our Valley, offering products that are exclusively produced locally—from the field to the final product.

For over 30 years, the cooperative has been known for its h**p cultivation, as well as its mustards and oils made from camelina, poppy seed, flax and false flax. In addition, it also offers honey, h**p tea and beers from the Our Valley region.

In the town Kalborn, visitors can discover these unique products in the cooperative’s shop, located in an authentic Éislek village with panoramic views over the entire Our Valley—products that are not widely available in regular shops.

👉 Discover this place and many more in our guide (link in the comments).
👉 Follow our page and don’t miss any of the best addresses across the Grand Duchy.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

🇱🇺 Kanton Réimech - Lieweg Geschicht 📍 Stad Réimech: Handelsstad un der Musel zanter Joerhonnerten.D’Stad Réimech war iw...
17/09/2026

🇱🇺 Kanton Réimech - Lieweg Geschicht

📍 Stad Réimech: Handelsstad un der Musel zanter Joerhonnerten.

D’Stad Réimech war iwwer Joerhonnerten eng wichteg Handelsstad un der Musel. Hir Lag um Floss huet d’Geschicht vun der Stad staark gepräägt – vum Handel bis bei d’Fëscherei an d’Schëfffaart.
Och haut fënnt een nach Spuere vun dëser Vergaangenheet.

De Kierchtuerm soll op den Iwwerreschter vun engem réimesche Wachtuerm gebaut gi sinn a weist nach Elementer, déi un déi fréier Verdeedegung vun der Stad erënneren.

Am Joer 852 koum et zu Réimech zu enger Schluecht tëscht Wikinger a Franken. Eng Legend erzielt ausserdeem, datt den hellege Cunibert, e fränkeschen Aristokrat, an enger Buerg zu Réimech gebuer gouf. Si soll do gestanen hunn, wou haut d’Stadhaus an d’Schoul sinn.

👉 Entdeck d’Geschicht vun den 12 Kantoner an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a géi mat op d’Rees duerch déi 12 Kantoner.

----

🇬🇧 Canton of Remich - Living History

📍 City of Remich – A trading town on the Moselle for centuries.

For centuries, the city of Remich was an important trading centre on the Moselle. Its location along the river strongly shaped the town’s history, from trade to fishing and navigation.

Traces of this past can still be found today. The church tower is believed to have been built on the remains of a Roman watchtower and still features elements recalling its former defensive function.

In 852, a battle between Vikings and Franks took place in Remich. According to legend, Saint Cunibert, a Frankish aristocrat, was born in a castle in Remich. The castle is believed to have stood on the site where the city hall and school are located today.

👉 Discover the history of Luxembourg’s 12 cantons in our guide. Link in the comments.
👉 Follow our page and join us on a journey through the 12 cantons.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

🇱🇺  Kanton Iechternach: Lokal Produkter an eng gemittlech Terrass laanscht d’Vëlospist. 📍 Hénkel – Kulturhaff Millermole...
16/09/2026

🇱🇺 Kanton Iechternach: Lokal Produkter an eng gemittlech Terrass laanscht d’Vëlospist.

📍 Hénkel – Kulturhaff Millermoler – elo am Guide vun den 12 Kantoner.

De Kulturhaff Millermoler an der Uertschaft Hénkel ass ee gemittlecht Geschäft, wou ee lokal Produkter vu Produzenten aus dem Mëllerdall entdecke kann. Besonnesch flott sinn déi individuell Corbeillen, déi ee mat Produkter aus der Regioun zesummestelle loosse kann.

Direkt nieft der Vëlospist luet déi gemittlech Terrass op eng Paus bei enger Taass Kaffi an. Reegelméisseg ginn och Ausstellungen a Workshops an der Galerie vum Haus organiséiert.

👉 Entdeck dës a nach vill aner Adressen an eisem Guide (Link am Kommentar).
👉 Abonnéier eis Säit a verpass keng gutt Adress méi.

----

🇬🇧 Canton of Echternach: Local products and a cosy terrace along the cycle path.

📍 Hinkel – Kulturhaff Millermoler – now featured in the 12 Cantons Guide.

Kulturhaff Millermoler in the town of Hinkel is a charming shop where visitors can discover local products from producers in the Mullerthal region. Particularly popular are the personalised gift baskets, which can be composed with a selection of regional products.

Located directly alongside the cycle path, its cosy terrace is the perfect place to take a break and enjoy a cup of coffee. Exhibitions and workshops are also regularly organised in the gallery.

👉 Discover this place and many more in our guide (link in the comments).
👉 Follow our page and don’t miss any of the best addresses across the Grand Duchy.





Visit Luxembourg | LuXembourg - Let's Make It Happen

📷 MC COMMUNICATION

Adresse

Redange-sur-Attert

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque 12kantoner.lu publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à 12kantoner.lu:

Raccourcis

Partager